Skip to Content

Spill mat bei de Junioren

D'Junioren sinn d'Jugendorchester vun der Dikricher Musik. Mir sichen ëmmer nei jonk Musikantinnen a Musikanten: Holz, Bliech oder Percussioun, och wann s du eréischt e puer Joer Cours hues.

Schreif eisNächste Concert

Opruff: Spill mat bei den Dikricher Junioren

Prouf

All Méindeg vun 19 bis 20 Auer, ausser an de Schoulvakanzen.

Wou

An eisem Prouwesall am Conservatoire beim Château Wirtgen zu Dikrech.

Wat mir maachen

Zwee bis dräi Concerten am Joer, de Hämmelsmarsch a vill Musek, déi Spaass mécht. Mir spillen Stécker, déi zu eisem Niveau passen.

Bob Minette, Dirigent vun de Junioren

Eisen Dirigent

Zënter Mee 2017 leet de Musekspedagog Bob Minette d'Junioren. Hie féiert déi Jonk spilleresch un d'Musizéieren an engem Orchester eran.

Bei de Prouwen an op de Concerten hëllefen Musikanten aus der grousser Musek, fir datt jidderee séier an d'Orchester fënnt. D'Dikricher Musik huet hir Jugendmusek am September 2013 nees op d'Been gestallt.

Sonndeg, 29. November 2026, 17 Auer

Chrëstconcert fir eng gutt Saach

D'Junioren spillen an der Aler Kierch zu Dikrech. Den Entrée ass fräi.

Brochure liesenInfos

Plakat Chrëstconcert

Interesséiert?

Schreif eis eng Mail mat dengem Instrument an dengem Alter. Mir mellen eis, a du kanns ouni Verflichtung bei enger Prouf laanscht kommen.

junioren@pmd.lu