Zënter 1968, all Joer um Péngschtweekend
Dikricher Béierfest
Am Park bei der Gemeng zu Dikrech, organiséiert vun der Dikricher Musik.
15. an 16. Mee 2027
Aacht Béierzorten
Frësch vum Faass gezappt oder an der Fläsch. Dozou gëtt et Musek op der Bün, eppes z'iessen an e ganze Weekend laang gutt Stëmmung am Park.
Esou war et 2026
Programm vum leschte Béierfest
Offiziell Ouverture mam Fräibéier, Concerte vu Musekscorpsen aus der Regioun, Big Band, Party bis an d'Nuecht an e Sonndeg mat Animatioun fir d'ganz Famill. De Programm fir 2027 publizéiere mir, soubal e fest steet.
Verpasst keng Info
Suivéiert eis op Instagram ënner @dikricher_beierfest an @pmdiekirch, an op Facebook.